
Sou goufen et wéinst sou Infraktiounen iwwer déi lescht véier Joer gekuckt eleng wéinst Viol vu Kanner 220 Plaintë bei de Parqueten. Wéinst der Infraktioun vum “Attentat à la pudeur”, dem sexuellen Abus also, goufen et global ronn 400 Plainten.
Eng aner Infraktioun, déi am Kontext vun Abuse bei Kanner gemaach gëtt, ass “Coups et blessures” - där Plaintë goufen et souguer 1.860, déi instruéiert goufen. Parallel ginn awer och Affären ouni Suitte klasséiert: dat waren der zum Beispill bannent de leschte véier Joer bei Plaintë wéinst presuméiertem Viol 60 Stéck. Dobäi gouf et d’Prezisioun, datt d’klasséiert Affär och ewell virun 2019 ka beim Parquet erakomm sinn, éier se dann ad acta geluecht gouf.
Ëm de Jugendschutz këmmert sech um Niveau vun der Justiz de SCAS, deen aktuell 138 Leit zielt. Dës sinn op fënnef Zerwisser opgedeelt, wéi dee vun den Tutellen oder dee vun de Familljenaffären. Via d’Reforme vum Jugendschutzrecht an dem Jugendstrofrecht wäert de SCAS dann och reorganiséiert a mëttelfristeg personell opgestockt ginn. Dat äntwert d’Justizministesch Elisabeth Margue op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten-Deputéierte Ben Polidori a Sven Clement, déi sech ëm d’Mësshandlung vu Kanner gedréint huet.