
D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.
Aktuell si fënnef Persounen hospitaliséiert, dovunner läit ee Patient op der Intensivstatioun. Iwwert de Weekend ass eng Persoun a Verbindung mam Virus gestuerwen. Am Ganze goufe bis ewell 1.290.061 Impfdosisse genotzt.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,03. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 3,05 Prozent. Vun 262 PCR-Tester waren der e Sonndeg aacht positiv. E Samschdeg goufen 135 Persoune positiv getest, e Freideg waren et der 86.