Vill Kaméidi23 Mol gouf d'Nuetsrou gestéiert, streidereg Persoun kënnt a Passagearrest

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op Nationalfeierdag haten d'Beamte vun der Police nees genuch ze dinn.

Wéi et am Bulletin ze liesen ass, goufe si 23 Mol geruff, well sech net un d’Nuetsrou gehale gouf. An de meeschte Fäll konnt d’Situatioun op der Plaz gekläert ginn.

Méi streng hunn d’Beamten dogéint missten an der Stad sinn, wéi sech um fréie Moien zou Persounen haart d’Meenung gesot hunn. Eng dovunner, déi och däitlech ze déif an d’Glas gekuckt hat, huet sech ëmmer méi opgereegt an et gouf ëmmer méi kloer, datt de Mann eng Gefor fir sech an och anerer géif duerstellen. D’Police huet de Mann dowéinst matgeholl an nodeem vun engem Dokter confirméiert gouf, datt hie fit genuch wier, fir an de Passagearrest ze kommen, duerft hie sech do erhuelen.

Weider steet am Resumé vun de leschte Stonnen ze liesen, datt an der Stad direkt an e puer Autoen agebrach gouf. Och gouf zu Lëntgen eng Fënster vun engem Gefier ageschloen. An all de Fäll gouf eng Plainte gemaach.

Abréch an Haiser gouf et dann och. Do konnten d’Beamte vun der Police awer zwee Männer stellen, déi zu Pretten dobäi gesi goufen. Déi goufen op Uerder vum Parquet verhaft a koumen am Laf vum Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter. Zu Déifferdeng war dann an eng Metzlerei agebrach ginn, andeem d’Täter duerch eng Fënster an d’Geschäft komm sinn, wou si dunn d’Kees geklaut hunn. D’Spueresécherung war a béide Fäll am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO