
24 Leit sinn zejoert op eise Stroossen ëm d’Liewe komm, iwwer 260 goufe schwéier blesséiert. Dat geet aus dem Bilan vun 2021 ervir, deen den Transportminister e Mëttwoch de Moie presentéiert huet.
Déi heefegst Ursaache fir Accidenter mat Doudegen a Schwéierblesséierte sinn nach ëmmer d’Vitess, den Alkohol a Foussgänger, déi ugestouss goufen. Zanter 2013 hätt d’Unzuel un déidlechen Accidenter allerdéngs ëm 49% ofgeholl, huet de François Bausch betount. Och wann d’Vitess op éischter Plaz steet, wat d’Ursaache betrëfft, géif dës awer ofhuelen. Dat hätt dem grénge Minister no sécher mat de Radaren ze dinn. De François Bausch huet an deem Kader och annoncéiert, datt an Zukunft an all den Tunnellen op der A7, der Nordstreck, Streckeradare solle konsequent installéiert ginn.