250 Euro a 4 Punkten24 Protokoller wéinst Handy um Steier

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am Nomëtteg huet d'Police zu Luerenzweiler tëscht 16.30 an 18 Auer eng Verkéierskontroll duerchgefouert.
© Police (Archiv)

Am Fokus vun der Kontroll stoungen d’Benotze vum Handy wärend dem Fueren an d’Pabeieren.

Am Ganze krute 24 Chauffere wéinst der Benotzung vum Handy um Steier e Protokoll (250 Euro a 4 Punkten). An engem Fall gouf et e Protokoll wéinst engem Manktem bei der Beliichtung vum Gefier an an engem Fall war de Gurt net richteg ugedoe ginn. Donieft konnt och nach ee Chauffer keng gülteg technesch Kontroll virweisen, wärend een Automobilist keng valabel Steiervignette hat.

Back to Top
CIM LOGO