Coronavirus zu Lëtzebuerg249 Neiinfektiounen an 180 Reinfektioune bei 1.502 PCR-Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.168 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell sinn 22 Persounen hospitaliséiert, dovunner leie véier Patienten op der Intensivstatioun. D’Santé mellt dann 249 Neiinfektiounen an 180 Reinfektiounen - insgesamt also 429 positiv PCR-Tester. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d’mannst 90 Deeg tëscht zwee positiven PCR-Tester louchen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.351 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 64 waren ergänzend Dosen, keng Persoun krut eng éischt oder zweet Sprëtz.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,03. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO