
D’Kontroll war tëscht 15.30 a 17 Auer.
Fir d’Automobiliste sinn deemno elo 250 Euro Strof fälleg a 4 Punkten um Fürerschäin ginn ofgezunn.
Dat waren awer net déi eenzeg Infraktiounen, déi festgestallt goufen. An 10 Fäll waren de Chauffer oder de Bäifuerer net ugestréckt. Zwee Chauffere konnte kee valabele Contrôle technique virweisen an een Automobilist hat wärend dem Fueren d’Kopfhörer un.
Aner Protokoller gouf et dann nach, well un Autoe Modifikatioune verbaut waren, déi net op der groer Kaart agedroe waren respektiv, well net méi genuch Profil op de Pneue war.
En Donneschdeg den Owend gouf et tëscht Bierden a Buerschent en Accident, bei deem den Auto sech iwwerschloen huet. Eng Policepatrull konnt zwou Persounen untreffen, déi liicht blesséiert goufen. De Chauffer huet refuséiert, en Alkoholtest ze maachen, wouduerch e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt gouf. Weider gouf festgestallt, dass de Chauffer schonn e Fuerverbuet hat.