
Duerch dat déckt Wieder, de Wand an de ville Ree koum et zu Schied, déi d’Assurancen op knapp 25 Milliounen Euro chiffréieren. Dorënner sinn och eng 380 Autoen, déi beschiedegt goufen, wouvunner Verschiddener nëmmen nach Schrottwäert hunn.
Déi meescht Schied, déi et an Haiser a Wunnenge goufen, sinn duerch Iwwerschwemmunge bedéngt gewiescht. Een Drëttel vum Schued ass duerch de Stuerm entstanen.
D’ACA, déi d’Assurancëfirme regroupéiert, réit dann och, reegelméisseg d’Garantië vun den Assurancëkontrakter z’iwwerpréiwen, fir datt een am Fall vun engem extreme Klima-Evenement och adequat protegéiert a verséchert ass.