Renovatioun am Lycée Robert Schuman250 Schüler plënneren an d'Gebai vum Institut des Langues

RTL Lëtzebuerg
Am ale Gebai vum Stater Lycée Robert Schuman musse wéinst Renovatiounsaarbechte verschidden iewescht Klasse provisoresch an d'Gebai vum INL plënneren.

Betraff sinn eng 250 Schüler, déi no der Fuesvakanz deemno d’Lokalitéit musse wiesselen. Bis zum Schoulschluss am Juli bleiwen déi Jonk dann och an den Iwwergangsklassesäll am Institut des Langues (INL).

Trotz dem groussen Chantier am fréiere Meedercherslycée lafen d’Aschreiwunge fir d’nächst Schouljoer normal. Wéinst dëser raimlecher Reorganisatioun vun de Robert-Schuman-Schüler mussen awer och 50 Erwuesse-Sprooche-Coursen vum INL an dat neit Gebai vun der nationaler Schoul fir Gesondheetsberuffer zu Stroosse plënneren.

Link: D’Schreiwes vum Educatiounsministère

Back to Top
CIM LOGO