
E Méindeg de Moien huet d’Police op zwou verschiddene Plaze Verkéierskontrolle gemaach. Tëscht 6.30 an 10 Auer op der A3 bei Zoufftgen a vun 11 bis 12 Auer op der N56 Héicht Salzhaff an der Stad. Am Ganze goufen hei 124 Verwarnungen ausgestallt, dovun hate 26 Chaufferen den Handy wärend dem Fuere benotzt. Fir déi betraffe Persounen huet dat nieft enger Strof vun 250 Euro och véier Punkten um Permis kascht.
Donieft goufen der Police an deene leschte Stonnen eng Rei Abréch gemellt. E Méindeg am Nomëtteg gouf an der Strooss Am Wues zu Uewerdonwen an een Eefamilljenhaus agebrach. D’Täter, déi bis elo nach net fonnt konnte ginn, haten e puer Raim duerchwullt an ënner anerem Bijouen a Spuerbéchse matgeholl.
Um fréien Dënschdegmoie gouf dann nach zu Péiteng an der Rue Aloyse Kayser agebrach, wou d’Täter éischten Informatiounen no ee Safe geklaut hunn.