
D’Diskussiounen iwwer de Budget vun der Europäescher Unioun vun 2028 bis 2034 si "ganz schwiereg" a Lëtzebuerg wier an der Mëtt vun de verschiddene Positiounen. Dat huet de Premier Luc Frieden en Dënschdeg dem ADR-Fraktiounschef Fred Keup an enger Froestonn an der Chamber geäntwert.
Iwwerdeems Däitschland an e puer aner EU-Länner Spuermesurë fuerderen, huet de Luc Frieden sech dofir ausgeschwat, datt ee soll en Equiliber fannen. Dem Lëtzebuerger Premier läit um Häerz, datt d’EU staark wier a besonnesch an d’Innovatioun investéiert. Sech méi Méiglechkeeten ze ginn, eng Hausse vun der Betribssteier huet hie kategoresch verworf. Oppen huet de Luc Frieden sech gewisen, datt Recettë vun Taxen op Importer, déi d’EU-Ëmwelt-Standarden net erfëllen oder nach aus dem europäeschen Emissiouns-Handel-System, géinge fir d’EU benotzt ginn.
Et wier ee wäit vun enger definitiver Positioun, esou de Luc Frieden, dee präziséiert huet, datt d’Verhandlungen iwwer den EU-Budget op d’mannst bis Enn des Joers wäerten daueren.