Et ass eng Konstant: Et gëtt weider vill heiheem gefëmmt, besonnesch och bei de Jonken, déi esouguer méi fëmme wéi nach virun engem Joer.
27 Prozent vun de Leit am Land hunn an enger Enquête vun der Fondation Cancer uginn, dass se fëmmen. Zwee Drëttel vun hinnen dämpen all Dag. Tëscht Fraen a Männer bleift et bei der Paritéit.
23 Prozent gräifen op déi klassesch Zigarett zréck. D’Shisha mécht mat 22 Prozent duebel esou vill wéi virun engem Joer aus. D’E-Zigarett ass mat 17 Prozent vertrueden. Och do dominéieren déi Jonk tëscht 16 a 24 Joer.

D’Hallschent vun alle Fëmmerte géifen am Léifsten an den nächste sechs Méint ophalen. Nieft der Gesondheet ass och de Präis ee vun de Grënn dofir. Dee Präis wäert och weider klammen, sot d’Gesondheetsministesch Martine Deprez. Ee genaue Chiffer gouf awer net genannt.
Et wëll een och manner op d’Ofschrecken an d’Marginaliséiere setzen, mä éischter op Präventioun. Fir déi nei Direktesch vun der Fondation Cancer Margot Heirendt muss virun allem bei de Jonken ugesat ginn.

Och beim neien Trend vun den Nikotinsäckelcher stinn déi Jonk an éischter Linn. Et gouf quasi een Hëllefsappell aus de Schoulen. Op deem Plang gëtt elo reglementéiert. Déi Säckelcher solle beim Nikotin-Gehalt limitéiert ginn. Fir Jonker ënner 18 Joer soll d’Consomatioun verbuede ginn, esou wéi ee se och net méi op verschidde Plazen dierf notzen.