
Déi meescht dovunner, also 280, gi via staatlech Zerwisser Leit zur Verfügung gestallt, déi e Logement gesicht hunn.
21 fréier staatlech Haiser zu Waasserbëlleg a Fréiseng krut den ONA, fir heiranner Leit ze logéieren, déi Asyl am Land froen. Och d’Cité de l’Aéroport um Findel gëtt nach komplett nei affektéiert, grad wéi siwen Haiser an der Escher Nordstrooss.
Déi fréier Douaneshaiser an der Munnerëffer Strooss zu Beetebuerg ginn iwwerdeems vum Fonds de Logement renovéiert, sou datt do 11 bezuelbar Wunnenge bis 2030 entstinn. Aktuell ginn nëmmen nach 27 Déngschtwunnengen uechter d’Land gezielt. D’Froen iwwer d’Staatswunnenge goufe vum Deputéierte vun Déi Lénk David Wagner un d’Ministere Backes, Meisch a Roth gestallt.
Fannt hei déi parlamentaresch Fro N°1892 an déi entspriechend Äntwert op dës