Eecher BiergMann randaléiert an engem Stater Café a blesséiert Beamten

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Méindeg den Owend eng Rei Kéiere misse wéinst Alkohol intervenéieren, dat och am Stroosseverkéier.
E Méindeg huet d'Police e puer mol missen intervenéieren.
© Laurent Weber

D'Police gouf e Méindeg den Owend géint 19 Auer an ee Café am Eecher Bierg geruff, well do eng Persoun géif randaléieren. Op der Plaz hunn d'Beamten dunn effektiv ee staark alkoholiséierte Mann ugetraff, deen duerch "obszön Handlungen" opgefall ass a sech ëmmer méi onkooperativ beholl huet.

D'Situatioun ass eskaléiert an de Mann huet schliisslech ee Beamten am Gesiicht blesséiert. De betraffene Polizist koum fir eng Kontroll an d'Spidol. De Virfall gouf zu Protokoll geholl an Ermëttlungen an d'Weeër geleet.

Alkohol war och am Spill, wéi e Méindeg den Owend een Auto mat 94 Stonnekilometer amplaz vun den erlaabte 50 Stonnekilometer laanscht eng Policekontroll gejauft ass. Bei der Kontroll vum Auto an der Rue de Bastogne zu Ettelbréck huet sech erausgestallt, datt den Auto keng Steiervignette hat. D'Fuererin vum Won krut de Fürerschäin ofgeholl an de Fall gouf zu Protokoll geholl.

Zu Housen op der Haaptstrooss war dann och nach een Auto ze séier ënnerwee an ass ëmmer emol nees an de Géigeverkéier ofkomm. Den Auto gouf gestoppt an och hei hat de Chauffer ze vill gedronk. Hie krut ee provisorescht Fuerverbuet, well e säi Fürerschäin net derbäi hat an deen him dowéinst net direkt konnt ofgeholl ginn. De Schlëssel vum Auto hunn d'Beamten allerdéngs och saiséiert an et gouf ee Protokoll geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO