Bilan vu Policecampagne géint Oflenkung um Steier 288 Avertissements taxés wéinst Notzung vum Handy wärend dem Fueren

RTL Lëtzebuerg
Vum 13. bis den 18. Mee huet d'Police verstäerkt d'Oflenkung um Steier kontrolléiert.
© Laurent Weber

Dat engersäits fir d’Leit ze sensibiliséieren, anerersäits awer och als präventiv Mesure géint Accidenter.

An deem Kader kruten 288 Persounen an Avertissement taxé vun 250 Euro a 4 Punkten, well si hannert dem Steier mam Handy hantéiert hunn. 200 Persoune kruten iwwerdeems en Avertissement taxé, well d’Pabeiere vun hirem Gefier net konform waren.

27 Chaufferen hate kee valabele Fürerschäi bei sech, 29 Gefierer hate keng valabel Versécherung, an 48 Fäll konnt de Fuerer keng Steiervignette virweisen a 47 Mol war de Contrôle technique net an der Rei.

Back to Top
CIM LOGO