
Dat deelt den LCGB en Donneschdeg an engem Communiqué matdeelt.
De Grupp hätt aus strategesche Grënn decidéiert, de Produktiounssite vu Miersch an dee vu Menaro a Spuenien zesummenzeleeën. Vum hallwe Juli u gëtt dowéinst net méi zu Miersch produzéiert.
Vun den 39 Salariéen, déi den Ament nach fir d’Firma hei am Land schaffen, verléieren der 29 hir Plaz. Den LCGB kritiséiert dës radikal an eesäiteg Decisioun vun Anthogyr, déi och absolut net dem Lëtzebuerger Sozialmodell géif entspriechen.