Coronavirus zu Lëtzebuerg298 Neiinfektiounen an 184 Reinfektioune bei 1.509 PCR-Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.168 bliwwen ass.
© RTL

Aktuell sinn 28 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien dräi Patienten op der Intensivstatioun. D’Santé mellt dann 298 Neiinfektiounen an 184 Reinfektiounen - insgesamt also 482 positiv PCR-Tester. Als reinfizéiert gëlle Leit, bei deenen op d’mannst 90 Deeg tëscht zwee positiven PCR-Tester louchen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.407 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 305 waren ergänzend Dosen, zwou Persoune krut eng éischt an dräi Persounen eng zweet Sprëtz.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
Kanner tëscht 6 Méint a 5 Joer kënnen elo och géint Covid-19 geimpft ginn. Dat huet d’Regierung um Mëttwoch decidéiert. Domat suivéiere si der Recommandatioun vum Conseil supérieur fir Infektiounskrankheeten.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO