Zanter 20213.300 Leit hunn Demande gemaach, fir Vir- oder Familljennumm ze änneren

Roy Grotz
Et schéngt nawell laang net jiddwerengem ze gefalen, wéi en zanter der Gebuert heescht a wéi et an den offiziellen Dokumenter steet.

Dat weisen d’Chiffere vun den iwwer 3.300 Leit, déi zanter 2021 d’Demande gemaach hunn, fir hire Vir- oder Familljennumm ze changéieren. Eng 2.400 Leit kruten eng positiv Äntwert, 680 Dossiere ginn nach instruéiert.

Firwat froe Leit, fir anescht ze heeschen? D’Grënn sinn d’Sträiche vun Deeler aus den Nimm, d’Upasse vum Numm un de Lëtzebuerger Gebrauch oder och d’Integréiere vu Virnimm mat deenen Ee gemengerhand och ugeschwat gëtt.

Wann den Demandeur keng exzeptionell oder wichteg Grënn kann uginn, firwat den Numm soll changéiert ginn, gëtt d’Demande refuséiert, sou preziséiert et d’Justizministesch, déi domat all “convenance personnelle” ausschléisst.

D’Informatioune liwwert d’Elisabeth Margue dem LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo, deen d’Froe gestallt hat.

Back to Top
CIM LOGO