Freidegmoies 6 Auer zu Diddeleng. Et ass nach däischter an e kale Wand bléist eis ronderëm d’Nues. All ze vill Betrib ass glécklecherweis nach net op de Stroossen.
De “Coco”, sou gëtt den Yvon vu senge Kolleege genannt, fiert mat senger Ekipp eraus. D’Dreckskëschte vun de Stéit waarden drop, eidel gemaach ze ginn. Ausserdeem si mir de leschte Freideg vum Mount. Do gëllt et och, de Pabeier anzesammelen. An déi gréng Poubellë sti virun den Hausdieren.
Dem “Coco” seng Ekipp mécht déi schwaarz Drecksbacken eidel. Op all Dreckswon fueren dräi Leit mat. De Chauffer an zwee Leit, déi d’Poubellen eidel maachen. Vun de sechs Drecksautoen, déi d’Gemeng Diddeleng huet, sinn der all Dag véier bis fënnef am Asaz. Dat maachen dann 12 bis 15 Mann Personal. “Diddeleng huet 16 Quartieren. Zwee kommen der déi nächste Joren nach dobäi. Den Ament hu mir d’Ekippen esou opgedeelt, datt all Dag Poubellë vun dräi bis véier Quartieren eidel gemaach kënne ginn”, erkläert mir d’Lisa Daufeld, Matresponsabel vum Service Voirie bei der Diddelenger Gemeng.
De “Coco” gëtt an zwee an engem hallwe Joer 65 Joer al. Dann ass definitiv Schluss mat schaffen. Zenter 1994 gehéiert hien zur Ekipp. Spaass mécht him den Job nach ëmmer ewéi um éischten Dag.
“Jo, dat stëmmt. Ech hunn nach ëmmer Freed un der Aarbecht. Soss hätt ech schonn opgehalen. Ech hätt scho kéinten an d’Pensioun goen. D’Erausfuerderung ännert all Dag. Mol ass et den Trafic, mat de Leit schwätzen, déi duerch eis Aarbecht mol genervt sinn. Mir si jo do, fir hir Poubellen eidel ze maachen. Hënnere wëlle mir keen am Verkéier. Dofir fänke mir schonn um 6 Auer un a maachen dann direkt d’Haaptstroossen.”, sou d’Erklärunge vum Yvon.
“Erfarung an Aemooss si wichteg beim Manövréiere mam Drecksauto”, erzielt mir de Yvon D’Incau a fiert hannerzeg eng Strooss erop.
Eng speziell Formatioun fir bei der Hygiènesekipp matzeschaffen, brauch een net. “Mir organiséieren intern Formatioune fir eis Leit. Do léiere si, wat fir eng Knäppercher et um Dreckswon ginn a fir wat si gutt sinn. Och op wat et gëllt opzepassen, wann een hannen um Drecksauto steet an am Trafic ënnerwee ass. De Chauffer brauch de Camionsfürerschäin. Duerno gëtt en neie Mataarbechter vun engem interne Chauffer ugeléiert. Lues a lues gëtt hie fuere gelooss a kritt gesot, op wat et opzepasse gëllt, wann hien als Chauffer mat sengem Camion am Trafic manövréiert.” Sou erkläert mir d’Lisa d’Formatioun vun de Mataarbechter um Drecksauto.

Den Hausoffall fält mat 3.700 Tonne pro Joer zu Diddeleng am meeschten an d’Gewiicht. Mat 418 Tonnen d’Joer maachen d’Valorlux-Tuten am mannsten aus.
Zanter 12 Joer ass den Dany Oliveira Lopes bei der Poubellesekipp dobäi. “Déi gréissten Tier si méindes, mëttwochs a freides. Tëscht 500 a 900 Poubellen hunn mir pro Tour eidel ze maachen. Do kommen e puer Tonnen zesummen”, erkläert den Dany am RTL-Interview. “Mir sinn eng gutt agespillten Ekipp. Dat ass wichteg fir dësen Job ze maachen.”, Sou den Dany weider. Vu moies 6 Auer bis nomëttes 14 Auer dauert d’Schicht. “De Gros versiche mir virun eiser Kaffispaus ze maachen. Déi dauert eng hallef Stonn.” Wann de Camion da bis voll ass, fiert d’Ekipp op Leideleng tippen. Entweder ass d’Schicht dann eriwwer oder et geet nach eemol zréck de Rescht Dreckskëschten eidel maachen.
Den Tour vum Coco, Dany a Massimo war 12 Kilometer laang. Aner Tier hunn tëscht fënnef an néng Kilometer.