Esch a Péiteng3 Abréch gemellt, eemol war en alkoholiséierte Mann a Buttek entschlof

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet an de leschte Stonnen eng sëllegen Abréch gemellt kritt, dat zu Esch an zu Péiteng.
© RTL Archivbild

E Méindeg de Moie gouf an e Keller an der Uelzechtstrooss zu Esch agebrach an et goufen e puer Vëloe geklaut. Am Kader vun den Ermëttlunge konnten dës lokaliséiert an och e Verdächtege gestallt ginn.

An der Nuecht op e Mëttwoch krut d’Police kuerz no 3 Auer en Abroch an e Buttek zu Péiteng gemellt. Eng Patrull huet op der Plaz eng Persoun virfonnt, déi do geschlof huet. Hien huet ausgesot, dass hie vun engem Onbekannten am Zentrum vu Péiteng ugegraff a blesséiert gouf. Hie war deemno net agebrach, fir eppes ze klauen. Hie koum fir d’éischt an d’Spidol a well hien därmoosse vill gedronk hat, zur Ausniichterung an de Passagearrest.

Kuerz no 4.30 Auer gouf ee weideren Abroch zu Péiteng gemellt. Hei waren d’Täter allerdéngs a Richtung Rue de l’école geflücht. Si haten am Gebai e puer Schief souwéi Këschten duerchwullt a Boergeld geklaut. Béid Täter waren däischter ugedoen an hate Rucksäck bei sech.

A sämtleche Fäll goufen Ermëttlunge lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO