Den 112 mellt3 Accidenter mat 5 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg ass et ueschter de Grand-Duché zu 3 Accidenter komm. An 2 Fäll war ee Bus mat am Coup.
Samu / Domingos Oliveira
Samu / Domingos Oliveira
© Samu / Domingos Oliveira

Wéi de CGDIS mellt, ass et um 13.08 ass et zu Useldeng am Tremel zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Bus komm. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Am Asaz waren d’Ambulanze vu Lëntgen a Réiden souwéi d’Pompjeeë vun Useldeng.

Géint 15.10 sinn dann um CR310 tëscht Bungeref a Flatzbuer 2 Autoen an ee Bus net laanschtenee komm. 2 Persoune koume beim Accident zu Schued. D’Ambulanze Réiden a Wolz an d’Pompjeeë vu Rammerech goufen zum Asaz geruff.

A ronn 1 Stonn méi spéit war et dann nach eng Kollisioun tëscht 3 Gefierer um CR163 tëscht Obeler a Leideleng. Och hei waren 2 Blesséierter ze verzeechnen. D’Rettungsekippe vu Beetebuerg a Leideleng waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO