Am Lokalen3 alkoholiséiert Automobiliste wéinst Fuerweis opgefall

RTL Lëtzebuerg
Vun e Freideg op e Samschdeg hunn e puer Persounen de Permis ofginn, well se ze vill gedronk haten. Donieft gouf et och en Accident mat engem Blesséierten.

E Freideg géint 23 Auer huet eng Patrull missen am Rond-point Wandhaff staark ofbremsen fir en Accident z’evitéieren, well en Auto, deen aus Richtung Käerch koum, hir d’Virfaart geholl huet. De Chauffer gouf doropshi kontrolléiert a positiv op Alkohol getest.

Am Tunnel Stafelter op der N7 gouf en Automobilist géint 23.30 gestoppt, well dëse Schlaangelinne gefuer ass. Och hei war Alkohol am Spill.

Och zu Beetebuerg ass kuerz virun 1 Auer en alkoholiséierte Chauffer a Schlaangelinne gefuer.

An alle Fäll huet de Permis missen agezu ginn.

1 Blesséierte bei Accident am Mëllerdall

Um CR121 tëscht der Reilander Millen an dem Mëllerdall ass e Samschdeg de Moie kuerz no 5 Auer en Auto accidentéiert.

Eng Persoun gouf blesséiert a vun de Rettungsdéngschter an den Ambulanze vun Hiefenech an aus der Fiels versuergt.

Back to Top
CIM LOGO