CGDIS3 Blesséierter bei 3 Accidenter um Freideg

RTL Lëtzebuerg
D'Secouriste vum CGDIS goufen um Freideg am Nomëtteg op 3 Plazen uechter d'Land geruff.

Virop um 13.19 Auer zu Eschweiler krut een Auto e Fiels ze paken. Derbäi gouf eng Persoun verwonnt.

Zu Rued-Sir war et um 13.56 Auer d’Kollisioun tëscht 2 Autoen. Och hei gouf et ee Blesséierten.

An am Heischtergronn ass um 13.57 Auer ee Motocyclist gefall. Derbäi gouf de Chauffer verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO