CGDIS3 Blesséierter bei Accident zu Péiteng

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie géint 8.10 Auer sinn zu Péiteng an der Rue Michel Rodange zwee Autoen aneneegerannt.

Wéi de CGDIS mellt, goufen heibäi 3 Persoune verwonnt.

Kuerz virdrun hat et tëscht dem Rollengergronn an dem Briddel gerabbelt. Och hei waren zwee Autoen involvéiert an eng Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO