
Zwee Autoe krute sech hei e Mëttwoch de Moie géint 6.42 Auer ze paken. Zwou Persoune goufen heibäi blesséiert.
An der Salzbaach zu Wolz waren dann am ganzen 3 Autoen am Coup, dat um kuerz virun 8 Auer. Eng Persoun gouf heibäi blesséiert.
An och zu Hollerech, méi genee an der Rue de Bouillon huet et um kuerz no 10 Auer tëscht zwee Gefierer gerabbelt. Hei ass kenger Persoun eppes geschitt.