CGDIS3 Blesséierter bei zwee Accidenter um Méindeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Zu Zolwer an op der N13 tëscht Dippech an der Dippecher Gare koum et bannent e puer Minutten zu zwou Kollisiounen tëscht 2 Autoen.

Géint 17.49 Auer huet et zu Zolwer an der Scheierhaffstrooss gerabbelt. Hei ware wéi gesot zwee Autoen anenee gerannt. Wéi de CGDIS schreift, wieren zwou Persoune verwonnt ginn.

Nëmmen 8 Minutte méi spéit war et en Accident tëscht Dippech an Dippecher Gare, och tëscht zwee Autoen. Heibäi gouf et ee Blesséierten ze bekloen.

Bei engem Accident ronn 30 Minutte virdrun zu Leideleng an der Zéissenger Strooss waren 3 Autoen net laanschtenee komm. Hei blouf et awer beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO