Abroch a Buttek zu Clierf3 Brigange gepëtzt, 2 dovun nach mannerjäreg

RTL Lëtzebuerg
Der Police ass et e Mëttwoch an der Nuecht gelongen, dräi Verdächteger bei engem Abroch an e Buttek zu Clierf z'erwëschen.
© RTL

Méi genee war dem 113 en Abroch an der Groussgaass zu Clierf gemellt ginn. Der Meldung no wieren e puer Täter an e Buttek agebrach.

Op der Plaz konnten d’Beamten dräi Verdächteger pëtzen, bei deene si Saache fonnt hunn, déi wuel geklaut waren.

Op Uerder vum Parquet gouf ee vun de presuméierten Täter festgeholl. Zwee vun hinne waren awer nach mannerjäreg, Si goufen an de Centre socio-éducatif bruecht.

Back to Top
CIM LOGO