Um kuerz virun 13 Auer en Donneschdeg de Mëtteg, matte wärend dem Trajet vum Poopst duerch d’Stad, méi genee um Pont Adolphe, der Neier Bréck a Richtung Stater Gare, koum et ganz kuerz zu engem dann dach méi hektesche Moment.
Am Ganzen 3 Aktivistinne vun der Déiereschutzorganisatioun PETA hate sech iwwert d’Clôture gemaach a waren op de Papamobil, also de Poopst, duergelaf. Dobäi haten d’Aktivistinnen d’Hänn wéi bei engem Gebiet gefaalt gehat. Dës konnten awer séier vun der Schwäizer Garde an der Lëtzebuerger Police gestoppt ginn a goufe séier vun der Plaz eskortéiert. Kengem ass eppes bei dësem Virfall geschitt an den Trajet vum Poopst konnt nees séier opgeholl ginn.
Déi 3 Fraen hate bei dëser Aktioun e wäissen T-Shirt un, op deem “Stop Blessing Corridas”, also “Stoppt Seene vu Stéierekämpf” stoung, wat drop hiweist, dass et wuel e Protest géint de Stéierkampf an dem Ewechkucke vun der Kierch dierft sinn. Dës Aktioun huet PETA selwer och en Donneschdeg confirméiert.
Wéi et säitens der Police heescht, goufen d’Identitéite vun den 3 Fraen opgeholl an et gouf decidéiert, déi dräi an Detentioun ze placéieren.
Schonn Ufank August koum et zu engem änleche Virfall am Vatikan, respektiv am Januar zu Roum. D’Aktiviste waren och hei vun der Déiereschutzorganisatioun PETA an hunn, wéi och zu Lëtzebuerg, d’Ëmbrénge vu Stéieren, virun allem bei Stéierkämpf, protestéiert.
D’PETA behaapt, dass all Joer zéngdausende Stéiere géifen an engem Sport ëmbruecht ginn, deen d’Organisatioun selwer als “Bloodbath” bezeechent, dat d’Déierequälerei géif zelebréieren. Dass d’Geleeënheet vun der Visitt vum Poopst genotzt gëtt, fir de Protest huet domadder ze dinn, dass d’Kierch zwar offiziell d’Quälen an ëmbrénge vun Déiere massiv ofleent a verbitt, ma kathoulesch Geeschtlecher ëmmer nach dacks u reliéisen Zeremonien an Arenae vu Stéierkämpf géifen deelhuelen a Stéierkämpfer souguer do a Kapelle betreien. Verschiddener solle souguer aktiv bei de Kämpf deelhuelen, sou PETA.