Déi éischt Kontakter mat der Politik hat de François Bausch ugangs den 80er als Eisebunnsgewerkschaftler. Hien ass 1989 fir déi Gréng Alternativ Partei GAP mat an d’Wale gaangen an huet et direkt am éischten Ulaf an d’Chamber gepackt. Am Juli gouf hie vereedegt.
No de Walen 1989 ass de François Bausch 6 Mol zréck an d’Chamber gewielt ginn. 14 Joer laang, vun 1999 bis 2013 war hie Fraktiounschef vun deene Gréngen, bis hien an d’Regierung komm ass an ënnert anerem fir d’Ressorte Mobilitéit an Arméi zoustänneg war. Zanter de Walen 2023 sëtzt hien nees fir seng Partei an der Chamber.
Fir de François Bausch geet et elo an d’Pensioun, a fir de Fernand Kartheiser op Stroossbuerg. Och fir den ADR-Deputéierten ass et dee leschten Dag um Krautmaart, ier hien an d’Europaparlament wiesselt. De Fernand Kartheiser huet seng Karriär bei der Arméi ugefaangen an ass duerno an den Diplomateschen Déngscht gaangen, wou hien ënnert anerem Ambassadeur a Griicheland war. No de Walen 2009 ass hien eng éischt Kéier an d’Chamber komm. Hien ass nogeréckelt, well Papp an Duechter Gibéryen net zesummen hunn däerfen an der Chamber sëtzen. 2013, 2018 an 2023 gouf hien zeréckgewielt.
Och de Christophe Hansen sot der Chamber e Mëttwoch Äddi. Hie souz just 7 an en hallwe Mount um Krautmaart. 2023 war den CSV-Politiker eng éischte Kéier gewielt ginn. Virdru war hie virop an der Europapolitik doheem. Als Beroder vum Astrid Lulling an duerno als EU-Deputéierten. Déi grouss Fro ass elo, wou hien higeet. Zréck op Stroossbuerg oder awer als Kommissär op Bréissel.