Gewalt zu Stroossen3 Männer klammen aus engem Auto an iwwerfalen hiert Affer

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass dëse Virfall an der Nuecht op en Dënschdeg, dat an der Rue des Romains zu Stroossen.
© RTL Archiv

Wéi d’Police matdeelt, war d’Affer hei zu Fouss ënnerwee, wéi bemol en Auto niewent him stoe bliwwen ass. 3 Männer sinn erausgeklommen an hunn de Mann opgefuerdert, säi Geld erauszeginn.

Wéi d’Affer hei net direkt gefollegt huet, sinn d’Täter handgräiflech ginn an hunn der Persoun d’Smartwatch, Kopfhörer an en Ouerrank geklaut. D’Täter si kuerz drop geflücht, Ermëttlunge goufen ageleet.

Back to Top
CIM LOGO