Streck erëm op3 Persoune bei Accident zu Hollerech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippe vum 112 waren en Donneschdeg de Moien op zwee Accidenter geruff ginn, bei deenen et een oder méi Blesséierter gouf.
© Domingos Oliveira / RTL

An der Märeler Strooss an der Stad hat et, wéi et aus dem CGDIS-Bulletin ervir geet, kuerz no 8 Auer tëscht zwee Autoe geknuppt. Eng Persoun gouf dobäi verwonnt a vun de Rettungsdéngschter aus der Stad versuergt.

De Samu-Noutdokter war iwwerdeem géint 11 Auer an d’Escher Strooss zu Hollerech geruff ginn, nodeems et hei zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoe koum. Wéi den 112 schreift, goufen dräi Persoune beim Accident verletzt. Nieft dem Samu waren och d’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Stad um Asaz.

Vun 11 bis 13 Auer war d’Strooss a béid Richtunge gespaart, éier a béid Direktioune jeeweils eng Spuer erëm fir den Trafic opgaange war. Kuerz no 14 Auer war den Accident geraumt, et soll een trotzdeem oppassen, well nach Ueleg an der Strooss wier.

Back to Top
CIM LOGO