Fürerschäin3 vu 4 Schüler packen den theoreteschen Examen direkt

RTL Lëtzebuerg
Beim prakteschen Exame dogéint fale bal d'Hallschent duerch.

Beim theoretesche Fürerschäinsexame louch den Taux de réussite zejoert bei 74.3%. Domat ass dee méi héich wéi virzejoert awer a gudde Krack méi niddereg wéi an de Jore virun der Pandemie.

Beim praktesche Fürerschäin louch den Taux d’échec bei 45% an domat op engem änlechen Niveau wéi an de Jore virdrun. Beim B-Permis fält op, datt den Taux de réussite fir déi Leit méi héich ass, déi Conduite accompagnée gemaach hunn.

Dës Zuele nennt déi liberal Mobilitéitsministesch Yuriko Backes. Hir Parteikolleege Gusty Graas an André Bauler hate via parlamentaresch Fro Detailer gefrot.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO