
Wéi d’Police schreift, wier en Aarbechter bei Entretiensaarbechten un engem Héichuewen accidentéiert. D’Rettungsdéngschter goufen op d’Plaz geruff, ma si konnten nëmmen nach den Doud vum 31 Joer ale Mann aus dem Süde vum Land feststellen.
D’ITM an d’Police technique goufen op d’Plaz geruff, fir d’Ursaach vum Accident ze ënnersichen.