
Kuerz no 5 Auer war d’Police op den CR119 tëscht Allënster an Amber geruff ginn, nodeems et hei zu engem uergen Accident koum. E Mann vun 32 Joer hat hei aus bis ewell ongekläerte Grënn d’Kontroll iwwer säin Auto verluer, koum vun der Fuerbunn of an ass doropshin an e Bam gerannt.
Den Automobilist ass nach op der Plaz gestuerwen.
D’Police technique war op der Plaz, fir d’Ursaach vum Accident ze klären. D’Strooss war fir d’Dauer vun de Rettungsaarbechte gespaart.
