
Zwee Asätz gouf et fir d'Stater Rettungsdéngschter e Mëttwoch den Owend: Um Boulevard Konrad Adenauer an der Stad ware géint 18:30 Auer zwee Autoen aneneegerannt, blesséiert gouf awer keen. An der Rue du Cimetière dann en Accident mat engem Blesséierten um 22:38 Auer, hei gouf eng Persoun blesséiert.
Kuerz no 7 Auer waren zwee Autoen op der A13 tëschent Helleng an dem Beetebuerger Kräiz aneneegerannt, hei sinn zwou Persoune blesséiert ginn. Am Asaz waren d'Secouriste vu Beetebuerg, Fréiseng, Diddeleng a Réimech.
20 Minutten duerno ass dann eng Persoun verwonnt ginn, wéi en Auto an e Motorrad op der A3 tëscht neesm dem Beetebuerger Kräiz an Diddeleng matenee kollidéiert sinn. De Verwonnte gouf vun de Rettungsekippe vu Beetebuerg, Diddeleng a Keel versuergt.
Kuerz drop, géint 7:35 Auer dann e blesséierten E-Trottinett-Fuerer an der Rue des Jardins zu Péiteng. Hie war mat engem Auto zesummegestouss a gouf vun de Péitenger Secouriste versuergt.
Um 10:36 Auer sinn dann nach zwee Autoen op der RN23 tëschent Osper an Hueschtert net laanschtenee komm, och hei gouf et ee Blesséierten. D'Rettungsekippe vu Rammerech a Miersch waren am Asaz.