
Allgemeng huelen d'Periode vun Hëtzt an Dréchent zou. D'Periode vun Dréchent ginn net nëmme méi heefeg, ma zéie sech och méi laang, constatéiert d'Dana Lang vun der Administration des services techniques de l'agriculture.
Baséiert gëtt sech op zwou Referenzperiode vu jeeweils drësseg Joer, 1961 bis 1990 an 1991 bis 2020. Dorausser géing ervirgoen, dass vill méi Méint betraff sinn, an deene potenziell kéint eng Drécheperiod kommen. Waren et soss just zwee Méint, notamment d'Méint Juni a Juli, da sinn et elo zéng Méint, déi betraff sinn, a just Januar an Dezember net.
Och dëse Wanter an den Ufank vum Fréijoer wiere relativ dréche gewiescht. Am Mount Mee gouf et ee radikalen Ëmschwong vun nach relativ killen Temperaturen, Mëtt des Mounts op elo summerlech 30 Grad. Dat mécht net nëmme Mënsch an Déier ze schafen, ma huet natierlech och en Impakt op d'Vegetatioun.
Allgemeng géingen d'Vegetatiounsperioden, déi Zäit also am Joer, an där d'Planze wuessen an alles an der Bléi ass, éischter ufänken an och méi laang unhalen, erkläert d'Meteorologin. Dëse 26. Mee wier iwwerdeems ee vun de wäermsten Deeg am Mee gewiescht, déi jee am Grand-Duché gemooss goufen. Doduerch léisst sech zwar net automatesch op e waarme Summer schléissen, ma allgemeng observéieren d'Meteorologen a Klimatologen, datt d'Temperaturen eropginn, also esouwuel déi minimal ewéi déi maximal Temperatur.
Dat bréngt mat sech, datt déi waarm Extreemer eropginn, wéi zum Beispill déi waarm, tropesch Nuechten a waarm Deeg, an dass déi kal Extreemer erofginn. .
Fir en Donneschdeg gëllt iwwerdeems fir de Süde vum Land nees eng giel Wiederwarnung, also déi niddregst Warnstuf, a fir e Freideg gëllt se am ganze Land. Ee komplette Bilan vum Fréijoer aus meteorologescher a klimatologescher Siicht gëtt et Ugangs Juni. Do publizéieren d'ASTA, Meteolux an d'Waasserwirtschaftsamt AGE nämlech hire gemeinsame Bulletin.