D'Police melltFënnef Männer bei Abroch zu Péiteng erwëscht

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Sonndeg fënnef Männer bei engem Abroch zu Péiteng erwëscht; no engem Iwwerfall zu Bouneweg lafen iwwerdeems d'Ermëttlungen.
© Laurent Weber

D’Police mellt en Abroch an der Route de Longwy zu Péiteng um Sonndegmoien. Nodeems eng Patrull bei engem Eefamilljenhaus eng futtis Fënster entdeckt huet, konnte kuerz drop direkt fënnef Männer bannen ugetraff ginn. Bei der Kontroll huet d’Police op engem vun hinne geklaute Géigestänn, Pefferspray an e Messer fonnt. Alle fënnef koumen op de Police-Büro, et gouf Protokoll erstallt an de Besëtzer krut déi geklaute Géigestänn zréck.

Am Nomëtte koum et dunn zu engem Iwwerfall zu Bouneweg, bei deem zwee Onbekannter zwou Frae gestouss a beklaut hunn. Och wann d’Täter et net hikritt hunn, engem vun den Affer den Handy ze klauen, sou konnte si sech um Enn awer mat Boergeld dovunner maachen. D’Police huet d’Ermëttlung opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO