
Dat war an ass en Appel à projets fir d’Gestioun vum Verkéier, vun der Energie oder vun de Ressourcë mat Hëllef vun Donnéeë méi gescheit an nohalteg ze maachen. En Dënschdeg de Moie gouf op enger Pressekonferenz en Tëschebilan gezunn.
15 Projete koumen eran. Fënnef goufe fir den Appel à projets zeréckbehalen, dovunner dräi am Kader vun der Mobilitéit, een am Kader vun der Energie am een am Kader vun de Ressourcen. Sechs Projete goufen dem Klima- an Energiefong presentéiert. Véier konnten net zeréckbehale ginn, mee goufen trotzdeem als pertinent ugesinn a ginn dowéinst dem Fong fir den Naturschutz respektiv dem Waasserfong weidergeleet. De Wirtschaftsminister Lex Delles huet vu “ganz breet gefächerte” Projete geschwat. Et geet vun engem Parkleitsystem, iwwert Héichwaasserschutz bis hin zu Systemer fir eng intelligent Gestioun a Vernetzung vu Gebaier.
Projete kënne bis zu 50 Prozent subventionéiert ginn, wa sech puer Gemengen zesummeschléisse bis zu 60 Prozent. Fir kleng Gemengen ënner 3.000 Awunner gëtt et och nach 10 Prozent méi a 25.000 Euro, wann ee sech extern ënnerstëtze léisst. Bis 80 Prozent kann een theoretesch kréien. Gedeckelt ass d’Subventioun awer op 500.000 Euro pro Projet. Virgesi war eng budgetär Enveloppe vu 5 Milliounen Euro an nom éischten Appel à projet sinn nach Suen do. Den Ëmweltminister Serge Wilmes sot, et wéilt een nach méi Gemengen a Gemengesyndikater encouragéieren matzemaachen, a wa méiglech kollaborativ ze schaffen. Bis de 15. Mäerz kënne nach Projeten agereecht ginn. Zwee Joer méi spéit solle se Realitéit sinn.
De President vum Syvicol, CSV-Deputéierten a Schäffen zu Klierf, den Emile Eicher sot, seng Gemeng hätt scho selwer e Projet subventionéiert kritt: LED-Luuchten an net egal ewéi eng wieren installéiert ginn a géingen a Funktioun vum Besoin automatesch un an aus goen. De Syvicol steet de Gemengen, déi interesséiert sinn, zur Verfügung fir ze hëllefen, hir Projeten ze preparéieren. En Uruff geet duer.
De ganze Communiqué am Kader vun der Pressekonferenz fannt Dir hei.