
Ronn 280 dovu ware Kanner a Jugendlecher. Och 10 Enseignante ware betraff.

Nodeems jo am Lycée Ermesinde am Februar eng Impf-Aktioun lancéiert gi war, huet d’Inspection sanitaire am Mäerz och am Dikrecher Lycée classique esou eng Impfcampagne gemaach, well et hei e gréissere Cluster vun Infektioune gouf. Dobäi goufe ronn 980 Impfkaarte kontrolléiert an 380 Persounen op der Plaz geimpft. Dat äntwert Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.