Chamber zitt Bilan38 ëffentlech Sëtzungen, 92 Gesetzprojeten an 1.224 parlamentaresch Froen

Fanny Kinsch
Dat wier vergläichbar mat der éischter Sessioun um Ufank vun der leschter Legislaturperiod 2018/19, sou de Chamberpresident Claude Wiseler.
Claude Wiseler: Vill Leit kucken d'Sëtzungen am Replay
An der Reegel wieren et manner wéi 100 Leit, déi d’Kommissioune Live suivéiere géingen.

Hei geet et bei de Rapport

Den 8. Oktober fänkt d’Chamber nees un. Am Virfeld huet de Chamberpresident Claude Wiseler e Bilan vum leschte Joer gezunn. D’Reduzéiere vun de Riednerzäiten hätt ganz einfach kënnen ëmgesat ginn. 51 Kommissiounssëtzunge goufen da bis elo Live iwwerdroen. An der Reegel wieren et manner wéi 100 Leit, déi d’Kommissioune Live suivéiere géingen. De Replay géing däitlech méi gebraucht ginn, besonnesch wa virdrun an der Press doriwwer beriicht gouf esou de Claude Wiseler: “Do gesi mer, datt an Zuelen alt 600, 700 Leit dat dann oflauschteren, ofkucken. An ech weess net wat fir eng Passagen se da kucken, mee op jidder Fall, do ass en Instrument, wat gebraucht gëtt.” Elo vun Oktober u soll e Bilan gezu ginn a gekuckt gi wéi d’Live-Iwwerdroungen d’nächst Joer eventuell kënnen ausgebaut ginn.

Claude Wiseler: Vill Leit kucken d'Sëtzungen am Replay
An der Reegel wieren et manner wéi 100 Leit, déi d’Kommissioune Live suivéiere géingen.

Méi diplomatesch Aarbecht

38 ëffentlech Sëtzungen, an anere Wieder 122 Stonnen Debat, 517 Kommissiouns- an Aarbechtsgruppesëtzungen, 1.224 parlamentaresch Froen - dat wier vergläichbar mat der éischter Sessioun um Ufank vun der leschter Legislaturperiod 2018/19. Zougeholl hätten d’Reuniounen am Chamberbüro. Dat géing doru leien, datt méi e groussen Akzent op déi international Aarbecht geluecht gouf. Et géing drëm goen, e breede politesche Konsens op diplomatesche Froen ze fannen: “Eng Regierung schwätzt ëmmer fir eng Majoritéit, eng Chamber kann, wann se dann zu enger Eenegung kënnt, fir eng ganz Chamber schwätzen.” Als Beispill huet de Chamberpresident de Konflikt am Bergkarabach genannt. Hei hätt d’Chamber iwwer Motioune Positioun ergraff, déi hien als President am armenesche Parlament vertrueden hätt.

Chantieren an der Chamber

Wann den 8. Oktober d’Chamber nees ufänkt, sëtzt op enger Säit een Deputéierte manner an op där anerer Säit ee méi. Nom Wiessel vum Ben Polidori vun de Piraten bei d’LSAP géing een einfach op där enger Säit vum Sall eng Bänk ofbauen an op där anerer Säit bäibauen, esou de Claude Wiseler. D’parlamentarescht Joer wäert vu gréissere Chantiere gepräägt sinn. D’Sécherheet gëtt verbessert, wat eng Demande vu méi Säite gewiescht wier: “notamment vun de Sécherheetsservicer, well d’Sécherheet esou wéi se elo ass, net up to date ass, dat heescht eis Entréeë vun deenen dräi Gebaier ginn alleguer ganz anescht ekipéiert.” Donieft gëtt dat sougenannte “Gilyshaus” bësse méi uewen um Krautmaart, wou virdrun d’Europahaus war, renovéiert. Hei gëtt ënnert anerem e Visiteurszenter ageriicht. De Chamberpresident rechent domat, datt d’Aarbechte bis zur nächster parlamentarescher Rentrée am Hierscht 2025 wäerten ofgeschloss sinn.

An enger éischter Versioun vum Artikel war d’Zuel vun de Gesetzprojeten iertemlecherweis enger anerer Kategorie zougeuerdent ginn.

Back to Top
CIM LOGO