CGDIS4 Accidenter e Freidegnomëtteg, Rettungshelikopter beim Hareler Potto am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mellt eng ganz Partie Accidenter. Op der N11 Tëschent Dummeldeng an dem Waldhaff si géint 13.20 Auer zwee Autoen aneneegerannt.

Dobäi goufen 2 Persoune verwonnt.

Op der selwechter N11 huet et no 16 Auer tëschent der Schanz a Grolënster gerabbelt. Hei waren 3 Autoen anenee geknuppt, woubäi et ee Blesséierte gouf.

Op der Streck tëscht Béiwen an dem Hareler Potto si kuerz no 16 Auer en Auto an e Moto kollidéiert. Hei gouf eng Persoun blesséiert. De Motocyclist koum mam Rettungshelikopter an d’Spidol, Liewensgefor besteet awer net, esou d’Informatioun vun der Police.

Géint 15.12 Auer gouf et nach en Accident mat 2 Gefierer an der Stater Rue de Bouillon. Och hei gouf et ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO