
An der rue Henri Koch zu Esch sinn am Nomëtten 2 Autoen net laanschtenee komm, et koum zu Materialschued. Op der Plaz hunn d'Beamte festgestallt, datt ee vun de Gefierer net ugemellt an net verséchert war. Iwwerdeems hätt sech erausgestallt, datt d'Fra hannert dem Steier kee gültege Fürerschäin hat. Den Auto gouf confisquéiert an et gouf Plainte gemaach.
Kuerz viru 7 Auer um Donneschdegowend koum et zu engem Accident op der A3 a Richtung Frankräich tëschent engem Auto an engem Camion. Och hei gouf kee blesséiert, allerdéngs stoung d'Chauffeure vum Auto, déi d'Accident verursaacht hat, ënner Alkoholafloss. D'Fra krut nom Alkoholtest nach op der Plaz e provisorescht Fuerverbuet.
Zu Réimech gouf d'Police géint 9 Auer owes geruff, well en Auto am Zickzack ënnerwee war. D'Beamten hunn d'Gefier mam Chauffer a Bäifuerer op der Busgare fonnt. De Chauffer wier offensichtlech alkoholiséiert an den Alkoholtest wier och positiv gewiescht, och hie krut direkt e provisorescht Fuerverbuet.
E weidere Vollert huet säi Gefier dann op der N2 tëschent dem Irgäertchen a Sandweiler bäigekéiert, woubäi weeder hien nach säi Bäifuerer blesséiert goufen. D'Beamten hunn op der Plaz festgestallt, datt de Chauffer net nëmmen alkoholiséiert war, mee och schonn e Fuerverbuet hat. De Mann hätt den Alkoholtest awer refüséiert. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto confisquéiert a Plainte géint de Mann gemaach.