
Géint hallwer 1 Auer dann eng weider Kollisioun, dës Kéier tëscht zwee Autoen, gouf et tëscht dem Quatre-Vents a Mëtscheed. Hei gouf kee blesséiert.
Nach eng Kollisioun tëscht zwee Gefierer gouf et dann eng Stonn drop géint 13.30 Auer tëscht Leideleng an der Cloche d’or, hei ass eng Persoun blesséiert ginn.
E weidere Blesséierte gouf et dann, wéi ëm 16.30 Auer tëscht Useldeng a Rippweiler en Auto an e Bam gaangen ass.