Op eise Stroossen4 Blesséierter bei 3 Accidenter

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS waren en Donneschdeg bei dräi Accidenter op eise Stroossen am Asaz.

Kuerz no 11 Auer hate sech zwee Autoen op der RN 10 tëscht Waasserbëlleg a Méischdref ze pake kritt. Hei goufen zwou Persoune blesséiert. D’Ambulanz an d’Secouriste vu Mäertert waren op der Plaz.

Um 11.45 Auer gouf eng Persoun blesséiert, wéi zu Déifferdeng an der Zolwerstrooss en Auto an e Bus aneneegerannt waren. D’Ambulanz an d’Secouristen aus dem CIS Suessem-Déifferdeng hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.

Géint 16.10 Auer gouf et dann en Accident mat zwee Autoen op der A4 an Direktioun Esch, tëscht Steebrécken a Féiz en Accident mat zwee Autoen. Eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulanz aus der Stad an d’Secouriste vun Esch a Monnerech.

Back to Top
CIM LOGO