
Kuerz viru 17 Auer war en éischten Auto um CR135 tëscht Mompech an Hierber accidentéiert. Déi verletzt Persoun gouf vun den Ambulanciere vu Mäertert an de Pompjeeë vu Mompech versuergt.
De Samu vum Kierchbierg war iwwerdeem kuerz no 23 Auer op de Contournement Jonglënster geruff ginn, nodeems hei e weidere Won verongléckt ass an et e weidere Blesséierte gouf. Nieft dem Samu waren och d’Pompjeeë vu Jonglënster an Hiefenech souwéi d’Ambulancieren aus der Fiels op der Plaz.
Zwee weider Blesséierter gouf et dann e Mëttwochmoie géint 5.35 Auer. Dat wéi sech op der RN05 tëscht Nidderkäerjeng a Schuller zwee Autoen ze pake kruten. D’Ambulanze vun Esch a Suessem-Déifferdeng an d’Pompjeeë vu Käerjeng goufen hei an den Asaz geruff.