Samu dräimol bannent 2 Stonnen am Asaz4 Blesséierter bei 3 Accidenter en Donneschdegnomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Op 3 Plazen uechter d'Land hunn d'Secouriste vum CGDIS mussen agräifen.

Zu Hamm louch kuerz virun hallwer 3 nomëttes en Auto op der Kopp, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D’Stater Rettungsekippe waren op der Plaz.

E weidere Blesséierte gouf et da géint 15.36 Auer op der N8 tëschent Habscht a Sëll, wéi en Auto géint e Bam gerannt ass. Am Asaz waren d’Pompjeeë vun Habscht a Stengefort, wéi och Ambulanze vun Habscht an aus der Stad.

E weideren Accident gouf et dann nach um 16.24 Auer tëschent dem Rollengergronn an dem Briddel. Hei sinn zwee Autoen net laanschtenee komm, wouduerch zwou Persoune blesséiert goufen. Och hei waren d’Stater Rettungsekippen nees am Asaz, och eng Ambulanz vun Esch war op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO