CGDIS4 Blesséierter no Accidenter e Méindegmoien an am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Am Ganzen hunn d'Rettungsekippe vum CGDIS op dräi Plaze mussen intervenéieren, dovunner eemol an der Géigend vun der Stad an zweemol am Norde vum Land.

Géint 11.41 Auer war et en Accident tëschent zwee Autoen op der A1 op der Héicht vum Gaasperecher Kräiz. Dobäi sinn zwou Persoune blesséiert ginn.

Kuerz viru 15 Auer ass zu Maarnech dunn e Motorrad accidentéiert, woubäi et och ee Blesséierte gouf. D’Rettungsekippe vu Clierf waren hei am Asaz.

En Asaz fir d’Wolzer Ambulanz an d’Pompjeeë vu Rammerech gouf et dunn nach um 16.51 Auer zu Bungeref. Hei ass e Cyclist ugestouss a blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO