
De CGDIS mellt och ee Verwonnten kuerz no 7.30 Auer op der Areler Autobunn a Richtung Stad.
Hei kruten en Auto an e Moto sech ze paken.
Kuerz no 8 Auer en Donneschdeg de Moie gouf an der Glesener Strooss an der Stad eng Persoun op enger Trottinette ugestouss a blesséiert.
Den nämmlechte Bilan gouf et da beim Accident tëscht zwee Ween géint 8.30 Auer op der Tréierer Autobunn a Richtung Stad.
Um Donneschdeg kuerz viru 15 Auer hat et op der B40 Richtung Esch tëscht engem Camion an engem Auto gerabbelt. Eng Persoun gouf hei verwonnt.