1124 Blesséierter no Kollisioun tëscht Auto a Bam

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass dësen Accident um kuerz virun 12 Auer e Sonndeg de Mëtteg, dat an der Route de Luxembourg zu Esch.
© RTL Archiv

Aus bis ewell ongekläerte Grënn krut en Auto hei e Bam ze paken. 4 Persoune goufe bei dësem Accident blesséiert.

E Blesséierte gouf et dann nach zu Diddeleng an der Rue Louis Rech. Géint 20 op 12 krute sech hei 2 Autoen ze paken.

E Sonndeg den Owend géint 22.45 Auer ass zu Esch eng Persoun ugestouss ginn. D’Secouriste vun Ech a Monnerech waren am Asaz.

E Méindeg de Moie kuerz no 10 Auer gouf et op der A13 am Tunnel Éilereng en Accident mat 3 Gefierer. 4 Persoune goufe liicht blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO