
Hei goufen tëscht 23 Auer a 4 Auer moies 172 Automobiliste kontrolléiert, vun deenen der 8 e positiven Otemtest haten. Bei 2 dovunner war den Taux esou héich, dass se nach op der Plaz de Fürerschäin hu mussen ofginn.
Géint 21 Auer schonn war enger Policepatrull zu Käerjeng an der Rue de Hautcharage en Automobilist opgefall, well en d’Riicht net behalen huet. En ass e puer mol an de Géigeverkéier geroden a gouf dowéinst vun de Poliziste gestoppt a kontrolléiert. Den Alkoholtest war bal duebel sou héich wéi erlaabt... deemno war de Fürerschäi fort.
Kuerz no Hallefnuecht gouf dunn nach en Automobilist op der A1 a Richtung Waasserbëlleg gemellt, dee wuel ze vill gedronk sollt hunn. D’Police huet de Chauffer dann och gestoppt a kontrolléiert. Och hei war d’Resultat positiv an de Fürerschäin gouf agezunn.